wat mir offréieren…

Servicer.

Erfollegräiche Marketing ass ëmmer einfach.
E grënnt op solid Aarbecht bei Produktioun an Déngstleeschtung awer am wichtegsten, op Éierlechkeet.

– Michael J. Pabst

Mir gestalten wat dir denkt!

 

D’Corporate Identity (CI) ass d’Erscheinungsbild vun engem Betrib, dat sech aus verschiddene visuelle wéi och verbalen Elementer zesummesëtzt. Dozou gehéiere beispillsweis de Firmelogo, d’Faarwen, d’Schrëften, de Slogan, d’Billersprooch an d’Tonalitéit. 

Eng erfollegräich Corporate Identity soll de Betrib vun aneren ënnerscheeden, eng staark Markenidentitéit schafen, wéi och den Interessi an d’Vertraue vum Client gewannen.

Zesumme, vun A-Z!

 

Zesumme mat eise Clienten entwéckele mir Designs a publizitär Werbung, déi hiren individuellen Ufuerderungen a Wënsch entsprécht. Mir starten de Prozess mat enger detailléierter Bespriechung, an der mir all relevant Aspekter klären, wéi zB. den Ëmfang vum Projet, d’Zilgrupp, de Stil an d’Ästhetik vun der Grafik, souwéi d’Deadline vum Projet.

Uschléissend starte mir mat der Konzeptioun vun der Grafik an erstellen éischt Entwerf, déi mir dem Client presentéieren. Hei kann dëse säi Feedback an d’Upassungswënsch abréngen, déi mir ëmsetzen an eventuell a weider Entwerf asetzen.

Soubal de Client mat Ergebnis zefridden ass, sëtze mir des an déi final Versioun em a liwweren d’Grafik an de gewënschte Formater an Opléisungen. Mir stinn iech och no der Ëmsetzung fir eventuell Nobearbechtungen an Ofännerungen zur Verfügung, fir sécher ze stellen, dass de Produit Iech och no längerer Zäit nach ëmmer gefält.

A Kooperatioun mat lokale Partner an der Beräicher Drock, Beschrëftung an Display liwwere mir iech Gesamtléisungen op Mooss.

Konzept

Logokreatioun
Corporate Identity

Display Werbung

Panneauen
Expo Design
Lettragen
Gadgeten

Geschäftsdrock

Visitekaarten
Bréifpabeier & Enveloppen
Mappen
Bléck

Dokumenter

Presentatiounen
Interaktiv Formulairen
Mailings
Rapporten

Publizitéitsdrock

Annoncen
Broschüren & Bicher
Flyeren & Déplianten
Verpaakungen

Speziell Formater

Menükaarten & Präislëschten
Autocollanten
Invitatiounen & Affichen
Trauer a Remerciementskaarten

D’Virdeeler vun enger Corporate Identity!

  • Wiederekennung – méi einfach erëm ze erkennen
  • Vertraue – straalt Seriositéit aus a schaaft Vertraue bei Clienten a Geschäftspartner
  • Differenzéierung – hieft de Betrib vun aneren of
  • Identifikatioun – stäerkt d’Matarbechterbindung an erhéicht d’Gefill dozou ze gehéieren
  • Virdeeler bei der Markenbildung – definéiert d’Leitlinn fir d’Markenbildung, verbessert de Branding a fërdert d’Markenbekanntheet
  • Widderhuelung – vereenheetlecht d’Marketing a Kommunikatiounsstrategie a stäerkt des duerch Widderhuelungen
  • Aspuerunge – ka Käschten aspueren, vue dass een eventuell mat just enger Marketingstrategie verschidde Campagnë gestalte kann

Eng Corporate Identity bitt eng kloer Orientéierung a Struktur fir de gesamte Betrib, wat zu enger klorer Opnam vu baussen a soumat zum Erfolleg féiere kann.

Ween ophält Werbung ze maachen, fir esou Geld ze spueren,
ka genau sou gutt d’Auer unhalen, fir esou Zäit ze spueren.

– Henry Ford