like it or not

mir gestalten

wat dir denkt.

Like it or not ass eng Grafikagence am Norde vu Lëtzebuerg. D‘Agence gouf vu Patrick Hellenbrand am Partenariat mat Chris Bewer gegrënnt.

Mir sinn eng jonk, kreativ an innovativ Agence, déi reaktiv Projeten fir seng Clienten entwéckelt. D‘Agence passt sech un d‘Bedierfnisser vum Client un, quasi onendlech Méiglechkeeten, vue dass mir iwwerzeegt sinn, dass all Client eenzegaarteg ass. Genau aus dësem Grond schafe mir individuell Konzepter, déi op de Besoin an d‘Ziler vum jeweilege Projet zougeschnidde sinn.

 

Wisou de Numm?

Am Beräich Grafik an Design ass et ëmmer schwéier de Client fir nei Saachen ze iwwerzeegen. Mir sinn der Meenung, dass d‘Clienten sech hir Agence nom Stil, der Aart a Weis vum schaffen a no dem Personal aussicht. Dofir hunn mir eis dofir entscheet, der Agence de Numm „like it or not“ ze ginn. Entweder huet een de Stil, d‘Aarbechten an Persoune gär oder eben net, de Choix kann all Mënsch fir sech selwer treffen! 

Natierlech gi mir eist Bescht fir jiddereen ze iwwerzeegen!

Servicer.

Grafikdesign

Drockproduiten

Gadgeten

Lettragen

Mir beherrsche vläicht net d’Welt, awer eist Handwierk.

Eist Team.

Patrick Hellenbrand.

Gérant

Chris Bewer.

Grafiker

Är Ziler a Wënsch bilden eisen Usproch fir kreatiivt schaffen. Dowéinst steet bei eis är Zefriddenheet am Mëttelpunkt vum Denken an Handelen als Viraussetzung vu Qualitéit. Ob et dobäi em Berodung, de Workflow, em d’Ëmsetzung oder d’Leeschtungssteigerung geet – am Mëttelpunkt vun allen Aktivitéite stitt dir als Client.

Bei eiser Virgoensweis handele mir individuell a mat perséinlecher Betreiung. Nëmmen esou kënne mir är betriblech Potenzialer identifizéiere a mat passgenaue Strategien äre Marketing a Verdriff optiméieren. Wichteg ass fir eis ëmmer: eng transparent an oppe Kommunikatioun, well nëmmen esou ka Vertrauen entstoen! Dëst Vertrauen ass fir eis Grondlag fir eng erfollegräich Zesummenaarbecht. Zesummen an am Sënn vun engem echte Partenariat entwéckele mir är Iddie weider.